Geint d'ofschaafen vun der allocation d'éducation/ de maternité

Visiteur

/ #15 ..

2014-10-10 04:12

Ett ass dach ganz einfach..

 

D´éischt suerge mer mol dofir, datt d´Immobilienpraisser emmer weider a weider klammen. Ween kann sech dann, wou virum Euro nach net Propriétaire war, haut nach sou einfach eppes leeschten??? Wuelbemierkt, matt ENGER Paye.. Vun de Loyer´en schwaetzer mer schon guer net.. Wunnen muss awer jiddereen anzwuesch, fakto -> zu zwee schaffen goen..

Dann schaafe mer d´Chèque Services fir datt d´Crèchen an all di aaner Betreiungsstrukturen fir d´Leit mi belleg gin, an der Hoffnung datt esou och d´Elteren zu zwee schaffen gin, WËLL zwee Akommessen pro Stoot brengt MÉI Steieren fir de Staat..

Mee daat geet dem gieregen Raffer net duer.. Schliesslech sin do liewenswichteg Projeten wou waarden.. En Tram zum Beispill.. Hmm blöd just, datt mer schon mol sou een haaten an deen iergendwann vun der Bildfläch verschwonnen ass, well keng Sau e gebraucht huet..  Oder een Stadion.. well mir hun sou gudd Sportler hei am Land an iwwerhaapt, si mir am Weltsport sou eng wichteg Plaatz.. 

 

An dann hun se DÉI zündend Iddi.. Mir schloen lo direkt zwou Mecken matt enger Baatsch.. Mir huelen de Leit d´Gebuertenzoulaag AN Erzéihungszoulaag direkt och nach dobäi.. Alleng matt den Zoulaagen spueren mir nämlech schon sou a souvill Milliounen, KOLLEEGEN, ons Vakanzen die nächst Joeren si gesechert, jo an dain Tiirchen hannert d´Post och!!! A fir datt daat an Zukunft och nach sou bleiwt, suergen mer matt deem Schrett direkt och nach dofir, datt di domm Gréidercher, di haut nach Gampessen op d´Welt setzen, am beschten direkt vun der Salle d´Accouchement röm op hieren Stillchen am Bureau hoppsen.. ah nee, pardon, daat gellt lo allerdengs just fir d´Grenzgänger-Mammen aus dem franséiseschen, well di letzebuerger Sekretärinnen di brauche mer hei scho laang net méi.. Mee ons Mammen di kennen jo dann awer vun der Maternité direkt an den Cactus hier Regaler weider opfellen goen oder de Bomien de Puupes wäschen.. Eigentlech ass ett och egal waat se maachen, d´Haaptsaach mir kennen all letzerbuerger Stoot duebel besteieren an daat am beschten OUNI ENNERBRIECHUNG!

 

Waat aus de Kanner gett, ass denen dach am Endeffekt sou eppes vun egal, die kennen jo spéider den Tram botzen oder hellefen deen eröm ewesch ze rappen.. d´Haaptsaach hinnen hier Kees stemmt a si kennen weider "Feiern, Fressen, Saufen" all Joer X mol an d´Vakanz, hier Pänzelcher schéin vollfriessen an la bella Vita feieren.. 

 

 

An den dommen Letzebuerger léisst ett, wi emmer nach, matt sech maachen..