Appel citoyen

de Renert

/ #5 D'Parlament ass kee Restaurant

2012-10-17 22:22

Och wann sech bei engem rezenten Sondage 70% vun Befroten fir d'Monarchie ausgesprach hunn, sou ass awer och eng grouss Majoritéit ganz kritesch, wat z.B. d'Finanzéirung vum Haff ubelaangt. Nemmen knapps d'Halschent vun de Leit ass vun der sougenanntener "Prënzenhochzäit" (wat een topescht Wuert) begeeschtert. D'Begeeschterung fir den Haff hält sech demno a Grenzen. Ech sin iwerzeecht, dass eng grouss Majoritéit vun de Leit hei am Land net averstan ass, eist Parlament fir d'Hochzäit ann ee Restaurant ëmzewandelen. Dat geet een och soss néirens op der Welt sichen. Dat ass een Hohn, eng Frechheet!