Appel citoyen

den Bananenrepublikaner

/ #8 Re: D'Parlament ass kee Restaurant

2012-10-18 10:44

#5: de Renert - D'Parlament ass kee Restaurant

Eis Volleksvertrieder haaten domatt jo keen Problem, seier hun si hieren Carton gepackt an sin komentarlos hierer Wee gaangen. Sie kruuten jo och all, als Member vun der "high society", eng schein Invitatioun vum Haff. Dovier kann een dann schon mol democratesch Grondprinzipien iwersin. Laut Chamberpresident ass zoufälleg den Sall och graad nett gebraucht gin.....

Selwecht och beim Vote vun der letzebuerger Nationaliteit vir d'Comtesse: praktesch à l'Unanimité hun eis Volleksvertrieder dem Uerder vum Grand-Duc gefollegt. Wien vertrieden se wann iwert 60% vum Vollek laut Sondage dogeint ass??

An dann haat jo mol eisen Chamberpresident um Radio ganz stolz eklärt, als Spuermoosnahm geing ett an der Chamber just nach Crémant an keen deieren Schampes mei gin. Mool kuken op daat och vir desen WE gellt!