Appel citoyen

Quoted post

de Patriot!

#27

2012-10-18 18:55

Monarchie constitutionnelle oder république dictatorial? Et kennt net op d'Form vun engem Staat un mee ob dat wat se Leeschten. Wei all aanere Staat mecht eisen och Feehler, dat stëmmt, mee dozou muss een awer soen dass et sech als Letzëbuerger gutt liewen léist an een sech net bekloen kann. Wann eise Staat souen audgëtt fir aneren Länner ze hëllefen (an dat ass jo och richteg esou!), wisou dann net och fir dem lëtzebuerger Ierwgroußherzog an der zukünfteger Ierwgroußherzogin hier Hochzeit?

Waat ass dann dobei wann eng Prënzenhochzéit gefeiert gëtt? Soll een als Letzëbuerger net stolz sin an deem eenzegen Grand-Duché weltweit ze liewen? Firwat hun eis Groußpäpp dann firun 70 Joer gekämpft?

(A propos: d'Unel dei jo repräsentativ fir d'letzëbuerger Schüler a Studente steet hätt onbedingt misste nofroen wei et da bei hieren 'Schützlingen' ausgeseit an net einfach décideieren dass si net un der Hochzéit deelhuelen nemmen well do e puer Memberen am comité géint eis Monarchie sin. Esouvill zu der Démokratie!)

Réponses

Eugenius

#48 Re: UNEL ass souwisou lénksindoktrinéiert

2012-10-21 15:56:09

#27: de Patriot! -

UNEL ass sws lénksindoktrinéiert! David Wagner ass oder wor do Member a setzt, hoppla, fir déi Lénk am Stader Gemengerod. An UNEL representéiert net d'Schüler u sech, mä nemmen déi 10 Hallewportiounen déi sech iwwerall de Batti stelle mussen, also just warm Loft!