Appel citoyen

Quoted post

de Renert

#5 D'Parlament ass kee Restaurant

2012-10-17 22:22

Och wann sech bei engem rezenten Sondage 70% vun Befroten fir d'Monarchie ausgesprach hunn, sou ass awer och eng grouss Majoritéit ganz kritesch, wat z.B. d'Finanzéirung vum Haff ubelaangt. Nemmen knapps d'Halschent vun de Leit ass vun der sougenanntener "Prënzenhochzäit" (wat een topescht Wuert) begeeschtert. D'Begeeschterung fir den Haff hält sech demno a Grenzen. Ech sin iwerzeecht, dass eng grouss Majoritéit vun de Leit hei am Land net averstan ass, eist Parlament fir d'Hochzäit ann ee Restaurant ëmzewandelen. Dat geet een och soss néirens op der Welt sichen. Dat ass een Hohn, eng Frechheet!

Réponses

den Bananenrepublikaner

#8 Re: D'Parlament ass kee Restaurant

2012-10-18 10:44:45

#5: de Renert - D'Parlament ass kee Restaurant

Eis Volleksvertrieder haaten domatt jo keen Problem, seier hun si hieren Carton gepackt an sin komentarlos hierer Wee gaangen. Sie kruuten jo och all, als Member vun der "high society", eng schein Invitatioun vum Haff. Dovier kann een dann schon mol democratesch Grondprinzipien iwersin. Laut Chamberpresident ass zoufälleg den Sall och graad nett gebraucht gin.....

Selwecht och beim Vote vun der letzebuerger Nationaliteit vir d'Comtesse: praktesch à l'Unanimité hun eis Volleksvertrieder dem Uerder vum Grand-Duc gefollegt. Wien vertrieden se wann iwert 60% vum Vollek laut Sondage dogeint ass??

An dann haat jo mol eisen Chamberpresident um Radio ganz stolz eklärt, als Spuermoosnahm geing ett an der Chamber just nach Crémant an keen deieren Schampes mei gin. Mool kuken op daat och vir desen WE gellt!

Fir d'Monarchie

#38 Re: D'Parlament ass kee Restaurant

2012-10-19 23:45:33

#5: de Renert - D'Parlament ass kee Restaurant 

 souwäit ech informéiert sinn ass de Chambersall extra sou ageriicht ginn dass och Banqueten do kennen ofgehale ginn.

Fir d'Monarchie

#39 Re: D'Parlament ass kee Restaurant

2012-10-19 23:49:08

#5: de Renert - D'Parlament ass kee Restaurant 

 Souwäit ech informéiert sinn ass de Chambersall extra sou ageriicht ginn fir dass do Banqueten kennen ofgehale ginn. An et ass dach och egal, schued dat engem wann lo do Leit iessen? Also ech fannen net. Et gëtt jo rem zréck geraumt.